Fort Thüngen
Fort vun der Festung Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fort Thüngen, am Volleksmond wéinst der apaarter Dekoratioun vu sengen Tierm „Dräi Eechele“ genannt, war e Fort vun der Festung Lëtzebuerg, deen zum baussenzege Festungsrank gehéiert huet. D'Iwwerreschter vum Fort leien am haitege Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'59"N, 6°8'20"O |
Datum vum Bau | 1733 |
Genannt no | Adam Sigmund von Thüngen |
D'Festung hat am Joer 1867 aacht detachéiert Wierker an de Fort Thüngen ass dat eenzegt, vun deem nach grouss Deeler bestoe bliwwe sinn. Iwwerdeems en Deel vun den Héichstrukturen 1867 beim Schleefe vun der Festung zerstéiert gouf, ass déi ganz ënnerierdesch Konstruktioun bal komplett erhale ginn. Vum Fort sinn nëmmen d'Agangstierm an d'Grondmaueren, déi 1991 nees fräigeluecht goufe, erhale bliwwen.
De Ravelin ass deelweis zerstéiert ginn, fir dorop de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean ze bauen.