From Wikipedia, the free encyclopedia
An dësem Artikel geet et ëm déi Russesch Foussballnationalekipp bei der Europameeschterschaft 2012 a Polen an an der Ukrain. Déi russesch Ekipp participéiert fir d'véiert bei enger EM-Ennronn. De Virgänger, déi sowjetesch Ekipp, huet sechsmol participéiert a béid Ekippe sinn zesummegerechent domat no Däitschland déi déi am dacksten deelgeholl hunn. 1960 konnt d'UdSSR beim éischten, nach "Europapokal vun den Natiounen" genannten Turnéier, den Titel gewannen.
Russland huet sech fir d'Europameesterschaft an der Qualifikatiounsgrupp B qualifizéiert.
Datum | Stad | Ekippen | Resultat | geschosse Goler | |
---|---|---|---|---|---|
03.09.2010 | Andorra la Vella Estadi Comunal d'Andorra la Vella |
Andorra | Russland | 0:2 (0:1) | 0:1, 0:2 Pogrebnjak (14., 64./E.) |
07.09.2010 | Moskau Lokomotiv-Stadion |
Russland | Slowakei | 0:1 (0:1) | 0:1 Stoch (27.) |
08.10.2010 | Dublin Aviva Stadium |
Irland | Russland | 2:3 (0:2) | 0:1 Kerjakow (11.), 0:2 Dsagojew (29.), 0:3 Schirokow (50.), 1:3 Keane (72.), 2:3 Long (78.) |
12.10.2010 | Skopje Philip-II-Arena |
Rep. Mazedonien | Russland | 0:1 (0:1) | 0:1 Kerjakow (8.) |
26.03.2011 | Jerewan Hanrapetakan-Stadion |
Russland | Armenien | 0:0 | |
04.06.2011 | Sankt Péitersbuerg Petrowski |
Russland | Armenien | 3:1 (1:1) | 0:1 Pizzelli (25.), 1:1, 2:1, 3:1 Pawljutschenko (26., 59., 73./E) |
02.09.2011 | Moskau Olympiastadion Lujniki |
Russland | Rep. Mazedonien | 1:0 (1:0) | 1:0 Semschow (41.) |
06.09.2011 | Moskau Olympiastadion Lujniki |
Russland | Irland | 0:0 | |
07.10.2011 | Zilina Štadión pod Dubňom |
Slowakei | Russland | 0:1 (0:0) | 0:1 Dsagojew (71.) |
11.10.2011 | Moskau Olympiastadion Lujniki |
Russland | Andorra | 6:0 (4:0) | 1:0, 4:0 Dsagojew (5., 44.), 2:0 Ignaschewitsch (26.), 3:0 Pawljutschenko (30.), 5:0 Gluschakow (59.), 6:0 Biljaletdinow (78.) |
Mat véier Goler hat de Roman Pawljutschenko déi meescht Goler geschoss.
Déi russesch Ekipp huet kuerz virun der EM nach dräi Testmatcher gehat: De 25. Mee huet se zu Moskau fir d'éischt géint Uruguay gespillt (1:1, Gol: Alexander Kerjakow), den 29. Mee zu Nyon géint Litauen (0:0) an den 1. Juni zu Zürich géint Italien (3:0, Goler: Alexander Kerjakow an 2x Roman Schirokow), dem eenzegen Testmatch bei deem zwéin EM-Participante géinteneen ugetruede sinn.
Bei der Auslousung goufen d'Russen, d'Griichen an d'Tschechen deem als Gruppekapp vun der Grupp A gesatenem Organisator vun der EM Polen zougeloust. Géint Tschechien gouf et bis ewell just ee Match: An der EM-Virronn 1996 hu béid Ekippe sech 3:3 getrennt, woubäi den Tschechen duerch dat 3:3 an der 90. Minutt d'Entrée an d'Véirelsfinall gelongen ass. Géint Polen huet Russland fir d'lescht den 22. August 2007 gespillt. Zu Moskau hu se sech mat 2:2 getrennt. Och d'Gesamtbilanz géint Polen ass mat jee enger Victoire, engem Remis an enger Néierlag ausgeglach. Géint Griicheland ass d'Bilanz mat 3 Victoiren, 5 Remis an 1 Néierlag positiv. Allebéid si se fir d'lescht den 11. November 2011 zu Piräus openaner getraff a si hu sech 1:1 getrennt. Bei der leschter EM huet Russland an der Virronn mat 1:0 géint Griicheland gewonnen a véier Joer virdru war Russland déi eenzeg Ekipp déi géint de spéideren Europameeschter gewanne konnt, dat 2:1 war awer fir d'Erreeche vun der Véirelsfinall net méi vu Bedeitung. D'Russe waren zu deem Zäitpunkt schonn ausgescheet.
Virronnegrupp A:
All d'Matcher waren a Polen. Duerch den direkte Verglach am Match géint Griicheland koum Russland trotz besserer Goldifferenz nëmmen op déi drëtt Plaz an der Grupp A an ass domat no engem staarken Optakt iwweraschend dach awer ausgescheet.
Fr., 8. Juni 2012, 20:45 Auer zu Wrocław | |||
Russland | – | Tschechien | 4:1 (2:0) |
Dë., 12. Juni 2012, 20:45 Auer zu Warschau | |||
Polen | – | Russland | 1:1 (0:1) |
Sa., 16. Juni 2012, 20:45 Auer zu Warschau | |||
Griicheland | – | Russland | 1:0 (1:0) |
Den 11. Mee 2012 huet den Nationaltrainer Dick Advocaat, deen no der EM zerécktrëtt[1], de virleefege Kader fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2012 bekannt ginn.[2] Den 20. Mee gouf deen zum Schluss blesséierte Wassili Beresuzki aus dem Kader gestrach.[3] De 24. Mee huet zudeem de Roman Schischkin wéinst enger Gastritis aus dem Kader gestrach misse ginn.[4] Am russesche Kader[5] sti wéi am hollännesche mat jee 13 Spiller déi meescht Spiller mat EM-Ennronnen-Erfarung.
Trikot- Nr. | Spiller | Veräin | Lännermatcher[K 1] | Goler[K 1] | Gebuertsdatum | EM-Matcher[K 2] | M. | Goler | Rout | G/R | Giel | |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Golkipp | ||||||||||||
1 | Igor Akinfejew | ZSKA Moskau | 52 | 0 | 08.04.1986 | 5 (2008) | ||||||
16 | Wjatscheslaw Malafejew | Senit St. Péitersbuerg | 24 | 0 | 04.03.1979 | 2 (2004) | 3 | |||||
13 | Anton Schunin | Dinamo Moskau | 1 | 0 | 27.01.1987 | |||||||
Ofwier | ||||||||||||
2 | Alexander Anjukow | Senit St. Péitersbuerg | 64 | 1 | 28.09.1982 | 1 (2004), 5 (2008) | 3 | |||||
12 | Alexei Beresuzki | ZSKA Moskau | 47 | 0 | 20.06.1982 | 3 | ||||||
4 | Sergei Ignaschewitsch | ZSKA Moskau | 75 | 5 | 14.07.1979 | 4 (2008) | 3 | |||||
19 | Wladimir Granat | Dinamo Moskau | 0 | 0 | 22.05.1987 | |||||||
15 | Dimitri Kombarow | Spartak Moskau | 4 | 0 | 22.01.1987 | |||||||
21 | Kirill Nababkin | ZSKA Moskau | 1 | 0 | 08.09.1986 | |||||||
3 | Roman Scharonow | Rubin Kasan | 8 | 0 | 08.09.1976 | 2 (2004) | ||||||
5 | Juri Jirkow | Anschi Machatschkala | 52 | 0 | 20.08.1983 | 5 (2008) | 3 | 1 | ||||
Mëttelfeld | ||||||||||||
7 | Igor Denissow | Senit St. Péitersbuerg | 26 | 0 | 17.05.1984 | 3 | 1 | |||||
17 | Alan Dsagojew | ZSKA Moskau | 20 | 4 | 17.06.1990 | 3 | 3 | 2 | ||||
22 | Denis Gluschakow | Lokomotiv Moskau | 9 | 1 | 27.01.1987 | 1 | ||||||
9 | Marat Ismailow | Sporting Lissabon | 33 | 2 | 21.09.1982 | 2 (2004) | 2 | |||||
6 | Roman Schirokow | Senit St. Péitersbuerg | 22 | 6 | 06.07.1981 | 1 (2008) | 3 | 1 | ||||
23 | Igor Semschow | Dinamo Moskau | 57 | 3 | 06.04.1978 | 1 (2004), 5 (2008) | ||||||
8 | Konstantin Syrjanow | Senit St. Péitersbuerg | 50 | 7 | 05.10.1977 | 5 (2008) | 2 | |||||
Ugrëff | ||||||||||||
10 | Andrei Arschawin (Kapitän) | Senit St. Péitersbuerg | 71 | 17 | 29.05.1981 | 3 (2008) | 3 | |||||
11 | Alexander Kerjakow | Senit St. Péitersbuerg | 61 | 19 | 27.11.1982 | 1 (2004) | 3 | |||||
18 | Alexander Kokorin | FK Dinamo Moskau | 5 | 0 | 19.03.1991 | 1 | ||||||
14 | Roman Pawljutschenko | Lokomotiv Moskau | 47 | 20 | 12.12.1981 | 5 (2008) | 3 | 1 | ||||
20 | Pawel Pogrebnjak | Fulham F.C. | 32 | 8 | 08.11.1983 | 1 | 1 | |||||
Trainer | ||||||||||||
Dick Advocaat | Holland | 27.09.1947 | 5 (2004)[K 3] | 3 |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.