Foussball-Weltmeeschterschaft
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Foussball-Weltmeeschterschaft (FIFA-Weltpokal) vun de Männer ass e Fousballturnéier tëscht Nationalekippen dat all véier Joer ofgehale gëtt. Organisateur ass de Weltfoussballverband FIFA. D'Veranstaltung ass nieft den Olympesche Spiller eent vun de bedeitendste Sportsevenementer vun der Welt.
Zanter 1991 ass och all véier Joer eng Foussball-Weltmeeschterschaft fir Dammen.