Foussball-Weltmeeschterschaft 2006/Qualifikatioun
From Wikipedia, the free encyclopedia
Bei der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland hunn 200 Ekippe matgespillt, woubäi sech der 32 zum Schluss fir d'WM qualifizéiert hunn. Déi Phas war tëscht dem Summer 2004 an dem Hiescht 2005.
D'Qualifikatioune si vun de jeeweilege Kontinenter organiséiert ginn.
Däitschland war dat eenzegt Land, als Gaaschtland, wat sech net huet misse qualifizéieren.
Déi 200 Ekippen déi sech ugemellt haten, waren:
- 52 Ekippen aus Europa
- 10 Ekippen aus Südamerika
- 36 Ekippen aus Nord- und Mittelamerika
- 51 Ekippen aus Afrika
- 39 Ekippen aus Asien
- 12 Ekippen aus Ozeanien