Franciscus (Poopst)
Poopst / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Franciscus (fr: François, de: Franziskus, en: Francis), mat biergerlechem Numm Jorge Mario Bergoglio, gebuer de 17. Dezember 1936 zu Buenos Aires an Argentinien, ass zanter dem 13. Mäerz 2013 Poopst.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Franciscus | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jorge Mario Bergoglio |
Gebuer |
17. Dezember 1936 Flores |
Nationalitéit | Argentinien |
Educatioun | Universitéit vu Buenos Aires |
Aktivitéit | Priister, Chimist, Schrëftsteller, Theolog, Priedeger, kathoulesche Bëschof |
Famill | |
Papp | Mario José Bergoglio |
Mamm | Regina María Sívori |
Zoumaachen
Den 266. Bëschof vu Roum gouf um Enn vum zweeten Dag vun der Konklav gewielt. Hien ass deen éischte Jesuitt, deen éischte Latäinamerikaner an deen éischten Net-Europäer zanter méi wéi 1200 Joer, deen op déi Plaz gewielt gouf. Hie war bis zur Wal zum Poopst Äerzbëschof vu Buenos Aires. Duerch säi Poopstnumm, stellt hie sech an d'Nofolleg vum Franz vun Assisi, dem Hellege vun den Aarmen.