From Wikipedia, the free encyclopedia
De Franz Ferdinand Carl Ludwig Joseph Maria vun Éisträich-Este, gebuer den 18. Dezember 1863 zu Graz a gestuerwen den 28. Juni 1914 zu Sarajevo, war éisträicheschen Äerzherzog an zanter 1896 Trounfollger vun Éisträich-Ungarn. D'Attentat vu Sarajevo, bei deem hien a seng Fra ëm d'Liewe koumen, gëllt als Ausléiser vum Éischte Weltkrich.
Franz Ferdinand vun Éisträich | |
---|---|
Gebuer |
18. Dezember 1863 Graz |
Gestuerwen |
28. Juni 1914 Sarajevo |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | Keesertum Éisträich |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Bestuet mat | Sophie Chotek |
Geschwëster | Elisabeth vun Habsburg-Loutrengen |
Hie war de Jong vum Karl Ludwig vun Éisträich, engem vun den dräi Bridder vum Keeser Franz Joseph I., an der Prinzessin Maria Annunziata vun Neapel-Sizilien. Wéi en aacht Joer hat, ass seng Mamm gestuerwen. Hie war enk mam Rudolf, dem Krounprënz vum Keeser befrënnt. Och zu senger Stéifmamm, der zweeter Fra vum Karl Ludwig, der Marie Therese vu Portugal huet hien eng enk Relatioun entwéckelt; si stoung och spéider zu him, wéi vill Familljememberen op Distanz zu him gounge wéinst sengem Bestietnes, dat se als net standesgeméiss empfonnt hunn.
De Franz Ferdinand war e fervente Jeeër; hien huet wärend sengem Liewen 274.889 Déieren erschoss, dorënner, op laange Weltreesen, vill exotesch Déiere wéi Tigeren, Léiwen oder Elefanten.
Vun 1878 un huet de Franz Ferdinand eng militäresch Ausbildung kritt. 1899 gouf hien zum Generol vun der Kavallerie ernannt; ausserdem war en och Admirol. Well en dacks krank war, huet säin Dokter en 1892 bis 1893 mat enger grousser Gefollegschaft op eng Weltrees duerch Indien, Indonesien, Australien, Japan, Kanada an Nordamerika geschéckt, déi offiziell als wëssenschaftlech Expeditioun deklaréiert gouf. Hien huet doriwwer e Buch geschriwwen (Tagebuch meiner Reise um die Erde, 1895). An de Wanteren 1895 an 1896 war en op Kuer, ë .a. an Egypten.
Nom Suizid vu sengem Koseng, dem Krounprënz Rudolf, den 30. Januar 1889, an dem Doud vu sengem Papp Karl Ludwig den 19. Mee 1896 war de Franz Ferdinand éisträichesch-ungareschen Trounfollger.
Den 1. Juli 1900 huet de Franz Ferdinand d'Sophie Gräfin Chotek, bestuet, déi duerch déi Hochzäit Fürstin vun Hohenberg (1909: Herzogin vun Hohenberg) gouf. Ville Membere vun der Habsburger Famill war si net standesgeméiss fir den Ierfprënz; si krut dofir net erlaabt, sech als „die künftige Kaiser-Gemahlin“ ze nennen, mä just „Gemahlin des künftigen Kaisers“, an hir Kanner sollten von Hohenberg heeschen, a keen Usproch op den Troun kënnen hunn. Eng Rëtsch vun hinne sinn och net op hir Hochzäitsfeier komm.
De Franz Ferdinand an d'Sophie vun Hohenberg krute véier Kanner:
Si hunn zu Wien am Schlass Belvedere gewunnt, hir Sumerresidenz war am Schlass Konopiště a Béimen.
Am Kader vu Visitte vu Mannöveren, déi doruechter gemaach goufen, ass de Franz Ferdinand a seng Fra am Juni 1914 a Bosnien-Herzegowina gefuer. Den 28. Juni 1914 hu si eng offiziell Visitt an der Haaptstad Sarajevo gemaach. Do goufe se no Pläng vu Membere vun der Ënnergrondorganisatioun „Mlada Bosna“ (Jonkt Bosnien) an der serbescher Geheimorganisatioun Schwaarz Hand bei engem Attentat allen zwee vum 19 Joer ale Gavrilo Princip erschoss.
D'Kris, déi duerch dat Attentat entstanen ass, huet zu enger diplomatescher Kettereaktioun gefouert, déi e puer Wochen drop den Éischte Weltkrich ausgeléist huet.
Commons: Franz Ferdinand vun Éisträich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.