Friedensreich Hundertwasser
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Friedensreich Regentag Dunkelbunt Hundertwasser, mam richtegen Numm Friedrich Stowasser, gebuer de 15. Dezember 1928 zu Wien a gestuerwen den 19. Februar 2000 op der RMS Queen Elizabeth 2, virun Neiséiland, war en éisträichesche Kënschtler, Designer an Architekt.
Friedensreich Hundertwasser | |
---|---|
Gebuertsnumm | Friedrich Stowasser |
Gebuer |
15. Dezember 1928 Wien |
Gestuerwen |
19. Februar 2000 RMS Queen Elizabeth 2 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Éisträich, Neiséiland |
Educatioun | Akademie der bildenden Künste Wien |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Architekt, Timberszeechner, Zeechner, Ëmweltaktivist, Ekolog |
Hien zielt zu deene bekanntsten éisträichesche Kënschtler vum Enn vum 20. Joerhonnert an ass bekannt fir seng Biller, Entwërf fir Fändelen, Logoen, Timberen, Mënzen an Affichen. Als Archtiekt huet hie sech agesat fir eng Architektur déi "no beim Mënsch" ass. Vun him entworfe Gebaier hunn "organesch" Formen, si faarweg, aus verschiddene Materialer, an dacks an d'Landschaft integréiert.
Hien huet och gär no bei a mat der Natur gelieft, eng Zäitchen op der Küst vun der Normandie, duerno an engem Dall an Éisträich, a méi spéit ëmmer méi am Kaurinui-Dall an der Bay of Islands an Neiséiland. Bei Venedeg huet hien den Giardino Eden mat der Villa delle Rose kaaft.