From Wikipedia, the free encyclopedia
De Friedrich Arnold Brockhaus, gebuer de 4. Mee 1772 zu Dortmund a gestuerwen den 20. August 1823 zu Leipzig, war en däitschen Editeur, deen de Verlag F. A. Brockhaus gegrënnt huet. Hien huet do ë. a. de Conversations-Lexicon erausbruecht, dee schonn zu senge Liefzäiten e puermol nei opgeluecht gouf, a spéider den Titel Brockhaus Enzyklopädie krut.
Nieft dëser Enzyklopedie huet de Brockhaus a sengem Verlag och politesch-zäitkritesch an och literaturkritesch Zäitschrëften erausbruecht, sou wéi och Monographien, där hire Schwéierpunkt bei zäitgeschichtlechen, politeschen, historeschen a biographeschen Theeme louch. Ë. a. huet hien 1818 d'Haaptwierk vun deemools nach sou gutt wéi onbekannte Philosoph Arthur Schopenhauer erausbruecht, an och, vun 1821 un, d'Memoirë vum Giacomo Casanova (L'histoire de ma vie.)
Seng zwee Jonge Friedrich an Heinrich Brockhaus hunn no sengem Doud de Verlag virugefouert.
Commons: Friedrich Arnold Brockhaus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.