Gérard Philipe
franséische Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gérard Philipe, gebuer als Gérard Philip de 4. Dezember 1922 zu Cannes a gestuerwen de 25. November 1959 zu Paräis, war e franséische Schauspiller.
Gérard Philipe | |
---|---|
Portrait vun 1955 | |
Gebuertsnumm | Gérard Philip |
Gebuer |
4. Dezember 1922 Cannes |
Gestuerwen |
25. November 1959 Paräis |
Doudesursaach | Liewerkriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Cours Simon, Conservatoire national supérieur d'art dramatique |
Aktivitéit | Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur |
Partei | PCF |
Member vun | Syndicat français des artistes-interprètes |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Maria Casarès |
Kanner | Anne-Marie Philipe |
Am Joer 1942 huet de Gérard Philippe seng éischt Roll am Theater gespillt. Vun 1944 u war hien och beim Film als Schauspiller aktiv.
Wichteg Filmer a senger Carrière waren am Joer 1950 La beauté du diable vum René Clair mam Michel Simon, weider 1952 Fanfan la Tulipe vum Christian-Jaque zesumme mat der italieenescher Schauspillerin Gina Lollobrigida, dann 1955 Les grandes manœuvres erëm vum René Clair mat der Michèle Morgan, dem Jean Desailly an der jonker Brigitte Bardot. Groussen Erfolleg haten hien an d'Jeanne Moreau 1959 am Film vum Roger Vadim Les liaisons dangereuses nom Roman vum Pierre Choderlos de Laclos.