Gammablëtz
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Gammablëtz, Gammastraleblëtz, Gammastralenausbroch oder och Gammastralenexplosioun (englesch: gamma-ray burst, dacks ofgekierzt GRB) ass en Energieausbroch mat ganz héijer Leeschtung am Universum, vun deenen eng grouss Quantitéit vun elektromagnéitescher Stralung ausgeet.
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
D'Ursaach vun der Gammablëtzer ass nach net ganz gekläert. Den éischte Gammablëtz gouf den 2. Juli 1967 vum dem US-amerikanesche Vela-Spionagesatellit, deen eigentlech fir d'Entdeckung vun uewerierdeschen Atombommentester geduecht war, entdeckt. Datt d'Stralen aus den Déifte vum Weltraum koumen, gouf eréischt 1973 vu Wëssenschaftler am Los Alamos National Laboratoire an New Mexico mat den Date vun de Satellitte sécher festgestallt.
D'Bezeechnung "Gammablëtz" hat sech warscheinlech agebiergert, well d'Vela-Satellitte fir d'Detektioun vu Gammastralung vu Kärwaffenexplosioune geduecht an ausgerëscht waren. Elektromagnéitesch Stralung mat Photonenergien am keV-Beräich a méi héich, gëtt dacks allgemeng als Gammastralung bezeechent, wann hir Quell an Entwécklung net bekannt ass. Et handelt sech bei Gammablëtzer am enke kärphysikalesche Sënn net ëm eng Gammastralung.