Gasplanéit
grousse Planéit, deen haaptsächlech aus liichten Elementer wéi Waasserstoff an Helium besteet / From Wikipedia, the free encyclopedia
Gasplanéit respektiv Gasris ass an der Astronomie e gebräichlechen Ausdrock fir grouss Planéiten, déi gréisstendeels aus liichten Elementer wéi Waasserstoff an Helium bestinn. Si hunn e klengen Deel schwéiert Material (Gestengs, Metall) a rotéiere meeschtens séier.
Hiert Géigestéck sinn terrestresch oder Gestengsplanéiten, déi eng relativ héich Dicht, eng fest Gestengskuuscht an eng lues Rotatioun hunn. An eisem Sonnesystem sinn et déi véier äerdänlech Planéiten (Merkur bis Mars), wärend déi véier Gasplanéiten (Jupiter bis Neptun) d'Sonn méi wäit baussen ëmkreesen. Ob dat och bei anere Stären an hiren Exoplanéiten zoutrëfft, ass nach ongekläert.