Generalstänn vu 1789
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Generalstänn vu 1789 waren déi lescht Versammlung vun de Generalstänn vum franséischen Ancien Régime. Dës Versammlung vu Vertrieder aus dem Adel, dem Klerus an dem Drëtte Stand war zanter 1614 net méi zesummegeruff ginn.
Zanter 1788, an dat besonnesch als d'Äntwert vum Vollek op gouf sech vu jiddwerengem gewënscht, datt nees d'Generalstänn géifen aberuff ginn, allerdéngs aus ënnerschiddleche Grënn an dacks waren d'Motiver och net kompatibel. Den Adel wollt d'absolut Monarchie, déi zanter dem Louis XIV. opgezwongen a vum Louis XVI. inkarnéiert gouf, op en Enn bréngen, fir seng al Muecht nees zeréckzekréien. Den héije Klerus, dee global vum System profitéiert huet, wollt (a senger Majoritéit) e status-quo bäibehalen. Bei de Generalstänn war den Adel mat 270 Deputéierte vertrueden (dorënner 90 Liberaler). De Klerus gouf vun 291 Deputéierte representéiert (dorënner 220 Curés). De Klerus an den Adel haten d'Majoritéit vun de Stëmme bei de Generalstänn (2 zu 1), an all Decisioun hat gutt Chancen, fir hinne favorabel ze sinn. Mä an dësen zwéi Stänn gouf et och scho Reformateuren, déi nëmmen drop gewaart hunn, sech nach méi z'engagéieren (mä zu deem Zäitpunkt huet nach kee vu Revolutioun geschwat).
De Klerus an den Adel ware keng komplett homogeen Stänn; et gouf och nach den niddere Klerus, deen traditionell op der Säit vun de Baueren an der Landbevëlkerung stoung, an de ländlechen Adel - zum Beispill an der Bretagne - dee ganz aner Perspektive wéi den Adel um Haff hat.
Den Drëtte Stand huet sech aus 578 Deputéierten zesummegesat (12 Gentilshommes, 18 Buergermeeschteren aus grousse Stied, 162 Magistrate vu Bailliagen oder Sénéchausséeën, 110 Affekoten, 114 Dokteren, 162 Händler, Proprietären, an 110 Baueren an Industrieller). Wat de « manque de représentation et de considération » (Beaumarchais), ugaangen ass, war den Tiers sech, och wéi bei anere Froen, déi an de Cahiers de doléances opgeworf goufen, net ëmmer eens:
D'Bourgeoisie, déi an de Stied mam Handel oder mat de Finanze räich gi war, an den Iddie vun de Lumières géintiwwer opgeschloss war, huet hir wirtschaftlech Muecht duerch hir Originnen als Aarbechter blockéiert gesinn, an huet no engem gläichen Traitement verlaangt: d'Adeleg waren déi eenzeg, déi Zougang zu den Offizéieschsplazen oder den héije Plazen an der Fonction publique haten, a si ware vu verschiddene Steiere fräigestallt. Déi Fuerderunge ware souwuel sozial wéi och ekonomesch.
D'Landbevëlkerung war net representéiert, mä huet sech op den Drëtte Stand gestäipt. Si huet vun hire Rekolte gelieft, gudder a schlechter, an eng grouss Steierlaascht gedroen: si huet no enger Reform vum Steiersystem verlaangt, an och d'Privileege wéi deen, op d'Juegd kënnen ze goen[1]. Déi Mësstänn kéinten hirer Meenung no bei de Generalstänn aus der Welt geschaf ginn, wann den Drëtte Stand besser vertruede wier, an no Kapp an net pro Stand géif ofgestëmmt ginn.
De Kinnek selwer, dee mat enger Staatsschold, wéi Frankräich nach keng gesinn hat konfrontéiert war, huet no enger Léisung gesicht, fir d'Keess nees ze fëllen. Seng Iddi war et, dat duerch eng Delegatioun bei de Generalstänn vertrieden ze loossen, hie war sech sécher datt sou eng Moossnam net populär géif ginn.