From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Persoun déi geschlechtsflësseg, genderfluid oder genderflësseg ass, huet méi wéi eng Geschlechtsidentitéit a wiesselt tëscht deenen. Als Geschlechtsidentitéit versteet ee männlech, weiblech, androgyn, neutral, asw. Zu engem gewëssen Zäitpunkt kann déi Persoun souguer méi wéi eng Geschlechtsidentitéit hunn.
Mënschen déi sech als geschlechtsflësseg identifizéiere fillen hir Identitéitsännerung iwwer eng laang oder eng kuerz Period. D'Geschlechtsflëssegkeet ass eng Ënnerkategorie vu genderqueer.
Verschidde Kritiker vun der Queer-Theorie argumentéieren, datt d'biologescht Geschlecht, Geschlechtsidentitéit an d'sexuell Orientéierung d'Resultat vun engem „soziale Konstrukt“ sinn an net beim Mënsch ugebuer sinn. D'Biologin Anne Fausto-Sterling weist drop hin, datt fir d'Konfusioun vun der Geschlechterdiversitéit an der Wëssenschaft an an der Medezin ze verréngeren, anatomesch a psychologesch Geschlechtskritäre festgeluecht goufen.[1]
Konkreet gekuckt ass eng geschlechtsflësseg Persoun mat de morphologesche Charakteristike vun engem biologesche Geschlecht gebuer a identifizéiert sech zu kengem binäre Geschlecht (Mann oder Fra). Dat heescht datt d'Geschlechtsflëssegkeet sech net duerch d'Geschlechtscharakteristiken oder d'sexuell Orientéierung determinéiere kann.
Am Joer 2012 hu Case LK an den Neurolog Vilayanur S. Ramachandran d'Resultater vun enger Etüd, wou geschlechtsflësseg Mënschen déi eng Alternéierend Geschlechtsinkongruenz (AGI) hunn, rapportéiert.[2] Si hunn d'Hypothees entwéckelt datt de Wiessel tëscht de Geschlechtsidentitéite mat den Ännerunge vun de Gehierzonen ze dinn huet. Déi charakteristesch Periode vun der AGI kënne méi wéi eng Kéier pro Dag geschéien an datt och an onpassende Momenter.
De Fändel representéiert d'Fluktuatioune vun der Geschlechtsidentitéit. En huet 5 faarweg Sträifen:
Et gëtt Léiwinnen a Botswana déi eng Munn hunn an hunn e weiblecht Verhalen. Verschiddener kënne wéi e Léiw brëllen anerer vergréisseren oder schützen hiren Eegentum wéi hire männleche Pendant.[3]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.