italieeneschen Astronom a Mathematiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Giovanni Antonio Magini, gebuer den 13. Juni 1555 zu Padua, a gestuerwen den 11. Februar 1617 zu Bologna, war en italieeneschen Astronom, Philosoph a Mathematiker.
Giovanni Antonio Magini | |
---|---|
Gebuer |
13. Juni 1555 jul. Padua |
Gestuerwen |
11. Februar 1617 Bologna |
Nationalitéit | Republik Venedeg |
Educatioun | Universitéit vu Bologna |
Aktivitéit | Astronom, Mathematiker, Astrolog, Kartograph, Philosoph |
Famill | |
Kanner | Fabio Magini |
De Magini huet bis zum Joer 1579 zu Bologna Philosophie studéiert, spéider hat hie sech awer mat der Astronomie beschäftegt. 1582 huet hie seng Aarbecht Ephemerides coelestium motuum publizéiert, déi dann e Joer méi spéit an d'Italieenescht iwwersat gouf.
De Magini gouf 1588 Professer fir Mathematik op der Universitéit Bologna.
Am Joer 1592 hat hien De Planis Triangulis publizéiert, an där hien d'Benotze vum Quadrant beschriwwen huet, an 1607 huet hien dunn d'astrologesch Aarbecht De astrologica ratione publizéiert.
De Magini huet och en Atlas vun Italien (Atlante geografico d'Italia) gemaach, deen awer eréischt 1620 vu sengem Jong publizéiert gouf.
1935 gouf de Moundkrater Maginus no him genannt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.