Internet-Sichmaschinn From Wikipedia, the free encyclopedia
Google ass eng Internet-Sichmaschinn vun der Firma Google Inc., déi hire Sëtz zu Mountain View an den USA huet. Google gouf vum Larry Page a vum Sergey Brin entwéckelt.
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ugefaangen huet alles mat Recherche fir hir Dokteraarbechten am Januar 1996 op der Stanford Universitéit, wou de Brin an de Page sech kenne geléiert haten.
Google huet fir d'éischt "BackRub" geheescht, well hire System ëmmer d'Backlinke gepréift huet, fir d'Relevanz vun enger Internetsäit erauszefannen.
Den Domain google.com gouf de 15. September 1997 registréiert, virdrun ass Google ënner dem Domain vun der Stanford Universitéit gelaf 'google.stanford.edu'.
Haut huet Google Inc. iwwer 6500 Mataarbechter an de Page an de Brin sinn nom Boursegank vun hirer Firma am Joer 2004 zwéi vun de räichste Mënschen op der Welt.
Interessanterweis hunn och d'Entwéckler vun der Internet-Sichmaschinn Yahoo, den David Filo an den Jerry Yang, op der Stanford Universitéit studéiert.
Bei besonneschen Evenementer, wéi z. B. der Olympiad, oder Feierdeeg a Gebuertsdeeg vu bekannte Perséinlechkeeten, changéiert Google zanter dem Joer 2000 säi Logo. Dës themebaséiert Logoe ginn och nach "Google Doodle" genannt (op Lëtz.: Gekrozels).
Commons: Google – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.