Gore Vidal
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gore Vidal, gebuer den 3. Oktober 1925 als Eugene Luther Vidal jr. zu West Point, New York, a gestuerwen den 31. Juli 2012 zu Los Angeles, Kalifornien, war en US-amerikanesche Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Schauspiller a Politiker. Pseudonymmen, ënner deenen en och alt geschriwwen huet, waren Edgar Box, Cameron Kay an Katherine Everard.
Gore Vidal | |
---|---|
Pseudonym | Edgar Box |
Gebuer |
3. Oktober 1925 West Point |
Gestuerwen |
31. Juli 2012 Hollywood Hills |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Dramatiker, Schauspiller, Dréibuchauteur, Romancier, Essayist, Schrëftsteller, Literaturkritiker, Saachbuchauteur, Science-Fiction-Schrëftsteller, Politiker, Journalist, Prosaist, Publizist, Auteur |
Partei | Democratic Party |
Member vun | American Academy of Arts and Letters, WGA West |
De Gore Vidal koum aus enger Politikerfamill; säi Grousspapp Thomas Pryor Gore war US-Senator fir Oklahoma. De Vidal huet sech selwer gär dat „schwarzt Schof“ vun der Gore-Dynastie genannt, well en ëmmer nees d'politesch Verhältnesser an den USA radikal kritiséiert huet (d'USA sinn a sengen Aen e Polizeistaat, wou d'Republikaner an d'Demokraten als Eenheetspartei d'Intressie vun de Grousskonzerner vertriede géifen an d'Medie Propagandainstrumenter wieren), ma och, well en oppen zu senger Homosexualitéit stoung an doriwwer a senge Bicher geschriwwen huet.
Säin éischte Roman, Williwaw (1946) hat e sou e grousse Succès, datt de Vidal 1947/48 a Guatemala an an Europa reese konnt. 1950 ass en op New York City geplënnert, wou en Dréibicher (dorënner, als Coauteur, dat fir de Film Ben Hur, a Broadway-Stécker geschriwwen huet. Visit to a Small Planet gouf bal 400 Mol gespillt.
1960 war en - ouni Succès - Kandidat fir d'Representantenhaus, an 1970 war Matgrënner an ee vun de Presidente vun der linksliberaler People's Party. 1982 war e Kandidat bei de Virwale fir Senator a Kalifornien.
Zanter den 1970er Joren huet hie mat sengm CopagnonHoward Austen haaptsächlech zu Roum an zu Ravello (Italien) gelieft. Wéi dee gestuerwe war, ass en nees an d'USA wunne gaangen, wou en zu Hollywood eng Villa hat.