Gott
From Wikipedia, the free encyclopedia
Gott ass d'Bezeechnung fir en transzendent Wiesen, dat no der Opfaassung vu verschiddene Reliounen existéiert. Seng Transzendenz mécht, datt en net direkt vun eise Sënner erfaasst ka ginn a seng Existenz sou net ka wëssenschaftlech bewise ginn; se muss als Dogma ugeholl a gegleeft ginn.
Dem oder engem Gott gi meeschtens eng ganz grouss Muecht zougesot, bis hin zu der Allmuecht. All weider Virstellungen an Eegenschaften (Zuel vu Gëtter, Wëllen, Aktivitéit...) variéiere staark jee no Relioun a Gottesbild a mussen dofir sonner behandelt ginn.