Griichesch Orakelen
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Orakele spillen eng fundamental Roll an der griichescher Relioun a Kultur. D'Orakel ass d'Äntwert vun engem Gott op eng Fro déi him gestallt gëtt. Sou Orakele kënnen nëmme vu bestëmmte Gëtter op bestëmmte Plazen ausgeschwat ginn. Ausserdeem musse gewësse Rite respektéiert ginn, ier et zu enger Befroung vun der Gottheet komme kann. Ausserdeem ass fir d'Interpretatioun vun der Äntwert dacks e "Studium" noutwenneg, a sou ginn d'Orakelen och meeschtens vu geschoultem a spezifeschem Personal interpretéiert.
D'Wuert Orakel steet och fir de konsultéierte Gott, de mënschlechen Interpret, oder och nach d'Plaz wou de Gott befrot gëtt. D'griichesch Sprooch ënnerscheet dës verschidde Sënner: nieft anere Wierder gëtt d'Äntwert χρησμός khrêsmós genannt, wat souvill heescht wéi "de Fait z'informéieren". A verschiddene Source fënnt een och den Term φάτις phátis, "de Fait ze schwätzen". Den Interpret gëtt dacks προφήτης prophêtês, "deen deen an der Plaz [vum Gott] schwätzt", oder μάντις mántis genannt. D'Plaz wou dat Ganzt ofleeft heescht χρηστήριον khrêstếrion.
D'Mantik, dat heescht den Domaine vun der Wahrsagung besteet am anticke Griicheland nëmmen aus den orakuläre Wëssenschaften. Hellseeër wéi den Teiresias si mythologesch Personnagen. D'Wahrsagung am Ale Griicheland ass net d'Aarbecht vun e puer inspiréierte Stierflechen, mä vu Persounen, déi sech streng un d'Riten halen, och wann d'Traditioun sou un eng Inspiratioun gleewe léisst, oder wéi d'Griichen et genannt hunn, ἐνθουσιασμός enthousiasmós, "de Fait Gott a sech ze hunn".