Guy Berg
lëtzebuergesche Linguist / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Guy Berg, gebuer den 3. Juni 1961 zu Beetebuerg, ass e lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler.
Guy Berg | |
---|---|
Gebuer |
3. Juni 1961 Beetebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Linguist |
Member vun | Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal |
Famill | |
Bestuet mat | Mireille Sigal |
Kanner | Florence Berg, Véronique Berg |
De Guy Berg huet op der Johannes-Gutenberg-Universitéit Mainz zu Germersheim/Rhein applizéiert Sprooche- a Kulturwëssenschaften (Iwwersetzen) studéiert (hie krut 1987 den Hugo-Moser-Förderpreis) an iwwer d'Entwécklung vum Lëtzebuergesche promovéiert.
1998 huet hien de Fuerschungsprojet Language and Culture in Medieval Luxembourg (LaCuMeL) an d'Liewe geruff. Säin Haaptfuerschungsthema war déi Zäit d'Yolanda vu Veianen; 1999 huet hien an der Bibliothéik vum Grof vun Aansebuerg d'Manuskript vum Codex Mariendalensis erëmfonnt, dat zanter den 1920er Joren als definitiv verluer gegollt huet.
Hien ass Member vun der Sektioun fir Linguistik, Ethnologie an Onomastik vum Institut grand-ducal an huet och Fuerschungsaarbechten ë. a. iwwer den Nicolas Gredt, Cyprien Merjai an Alexander Wiltheim erausginn.
Mat der däitscher Iwwersetzerin an Theologin Mireille Sigal huet en zwou Duechteren, d'Florence an d'Véronique.