Härebierg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Härebierg ass e Lieu-dit an der Gemeng Dikrech.
Härebierg | |
---|---|
D'Kasär um Härebierg | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Herrenberg de: Herrenberg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Dikrech |
Buergermeeschter | Charel Weiler (CSV) |
Héicht | 393 m |
Koordinaten |
49° 52’ 33’’ N 06° 10’ 09’’ O |
En ass nom Flouer mam selwechten Numm genannt, enger Knupp nordëstlech vun der Uertschaft Dikrech.
Den Härebierg ass bekannt - a steet dacks als Synonym - fir d'Kasär Grand-Duc Jean, an där zanter 1955 d'Lëtzebuerger Arméi ënnerbruecht ass.
Um Plateau vum Härebierg, deen an der Moyenne eng Héicht vun 370 Meter huet, gëtt et dräi Spëtze mat enger Héicht vun 386, 387 an 394 Meter beim Waasserbaseng. Den nordwestlechen Ausleefer, mat enger Héicht vun 379 Meter, ass de Botterweck.
Op den Härebierg kënnt ee vum ënneschten Deel vum Bamerdall aus iwwer d'N7B, iwwer e Feldwee dee vun där Strooss fortgeet an nërdlech duerch d'Mäertesdellt laanscht de Botterweck eropféiert, an e Feldwee deen um Fridhaff fortgeet.
Vun Dikrech aus féiert e schmuele Wee, den Neelcheswee, dee vun der N17 fortgeet op de Galgebierg.