HaaptsäitBléck/Archiver
From Wikipedia, the free encyclopedia
Hei drënner ass d'chronologesch Lëscht vun de Biller, déi dëser Méint op der Haaptsäit ze gesi sinn oder waren. Si ginn duerch eng Schabloun, déi d'Wochenzuel an d'Joreszuel als Variabel huet, automatesch all méindes moies um 0:00 UCT frësch do agebaut. Aktuell ass dat z. B. d'Schabloun:Bléck 2024 22.
Et gëtt keng rigid Krittäre wat fir Biller do hi sollen, mä déi hei Punkten sollen eng Orientéierung bidden:
- Qualitéit: d'Bild soll vu méiglechst gudder Qualitéit sinn, d. h. virzuchsweis eent, wat als "Quality Image", wann net souguer "Featured Picture" oder "Valued Picture" op Commons distinguéiert gouf;
- Ofwiesslungsräichtum: D'Biller solle méiglechst wäitleefeg déi sëlleg enzyklopedesch Gebidder ofdecken, a vu Woch zu Woch eppes "total aneschters" weisen;
- Bezuch op Artikel: Wann iergendwéi méiglech, soll d'Bild op en Artikel/op Artikelen zum Sujet verlinken, quitt datt deen Artikel virun der Publikatioun nach séier geschriwwe muss ginn;
- All puer Wochen e spezifesch "lëtzebuergesche" Sujet: reegelméisseg soll ee Bild ausgesicht ginn, dat op dat verweist, wat dës Wikipedia vun aneren ënnerscheet: méiglechst genee Informatiounen mat Bezuch op Lëtzebuerg an op Lëtzebuergesch ze fannen.
- Aktualitéitsbezuch: Bei Biller vu Persounen, Wierker oder Evenementer kann et nëtzlech sinn, dës fir déi Woch virzegesinn, an déi de Joresdag vun der Gebuert/vum Doud vun där Persoun oder dem Kënschtler, oder vum Evenement, fält, dat ëm sou méi bei 'ronne' Joren.
Hei ass d'Schabloun, fir déi eenzel Biller ze preparéieren: Schabloun:BléckBild.