amerikanesche Komiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Adolph Arthur Marx, bekannt als Harpo Marx, gebuer den 23. November 1888 zu New York City a gestuerwen den 28. September 1964 zu Los Angeles, war en US-amerikaneschen Entertainer, Pantomime a Schauspiller. Zesumme mat senger Bridder Groucho, Chico, Zeppo a Gummo war hien ee vun de Marx Brothers, déi tëscht den 1920er an 1950er Joren am Vaudeville, um Broadway an am Kino grousse Succès haten.
Harpo Marx | |
---|---|
Gebuertsnumm | Adolph Marx |
Gebuer |
23. November 1888 New York |
Gestuerwen |
28. September 1964 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Pantomime, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Komiker |
Member vun | Marx Brothers |
Famill | |
Bestuet mat | Susan Fleming |
Papp | Sam Marx |
Mamm | Minnie Marx |
Geschwëster | Groucho Marx, Zeppo Marx, Chico Marx, Gummo Marx |
Seng Roll bei de Marx Brothers war dee vun engem stommen, duerchdriwwene Personnage mat enger rouder Paréck, dee sech duerch Tuten a Päifen akkustesch verständlech gemaach huet, anescht mat Gesten a Mimik. Hien huet an de Filmer déi onméiglechst Saachen aus senger banneschter Mantelstäsch erausgezunn an hat ëmmer op d'mannst eng länger Zeen, an där en Harf gespillt huet.
Commons: Harpo Marx – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.