Stärendeiter déi am Matthäus-Evangelium vum Stär vu Betlehem bei den neigebuere Jesus gefouert goufen From Wikipedia, the free encyclopedia
Helleg Dräi Kinneken oder Geléiert aus dem Mueresland ginn der chrëschtlecher Traditioun no déi Stärendeiter (am griicheschen Ausgangstext: Μάγοι ἀπὸ ἀνατολῶν "Magier aus dem Osten") genannt, déi am Matthäus-Evangelium (Mt 2,1-13a) vum Stär vu Betlehem bei den neigebuere Jesus gefouert goufen. "Magoi" - 'Magier' kéint een och mat 'Astrologen' iwwersetzen.
Helleg dräi Kinneken | |
---|---|
Titel | |
Biographie | |
Graf | Kölner Doum |
Aner Informatiounen | |
Gedenkdag | 24. Juli |
Am Neien Testament steet weeder, datt et Kinneke wieren, nach zu wéi vill se gewiescht wieren. Dës Aspekter ginn eréischt no an no an de Legenden, vum 3. Joerhonnert un, preziséiert. Déi an der Westkierch verbreet Nimm Caspar, Melchior a Balthasar goufen eng éischt Kéier a Legenden aus dem 6. Joerhonnert ernimmt. Déi Syresch Chrëschten nenne se Larvandad, Hormisdas a Gushnasaph; bei den Armeenier gi se Kagba a Badadilma genannt; a bei den Ethiopier hu se d'Nimm Tanisuram, Mika, Sisisba an Awnison, Libtar, Kasäd.
An de mëttelalterleche Mysteriespiller fir d'Dräikinneksfest goufen hir Personnagë weider ausgebaut: sou wier de Melchior Kinnek vun Arabien, de Balthasar vu Saba an de Caspar vu Chaldäa. Zanter dem 12. Joerhonnert gëtt ee vun deenen Dräi mat donkeler Hautfaarf representéiert; dacks si s'och als jonke Mann, mëttelalen an ale Mann mat groem Baart duergestallt.
An der Réimesch-kathoulescher Kierch ginn déi dräi Kinneken als Helleg veréiert. An der kathoulescher Liturgie ass hiert Fest ("Dräikinneksdag") dat vun der Epiphanie, dat de 6. Januar gefeiert gëtt. Och déi Evangeelesch Kierchen erënneren op Epiphanie un déi Geléiert. An den orthodoxe Kierchen dogéint gëtt op deem Dag d'Daf vum Jesus duerch de Johannes den Deefer am Jordan gefeiert an och d'Offenbarung vun der Dräifaltegkeet.
D'Theema vun den Dräi Kinneken ass en traditionellt Motiv an der Konschtgeschicht, dat vum 4. Joerhonnert bis haut ëmmer erëm vu Kënschtler opgegraff an nei interpretéiert gouf[1].
Der Legend no hätt d'Helleg Helena, d'Mamm vum Kinnek Konstantin, op enger Pilgerrees a Palestina ëm 326 d'Schanke vun den Hellegen Dräi Kinneken do fonnt a matgeholl. Enger Legend aus dem 12. Joerhonnert no soll de Bëschof Eustorgius vu Mailand († ëm 350) e puer Joer drop déi Reliquie vum Keeser als Kaddo kritt a s'op Mailand bruecht hunn. Wéi de Friedrich Barbarossa Mailand 1162 eruewert huet, huet de Kölner Äerzbëschof (a Kanzler vum Friedrich) Rainald von Dassel d'Schanke vum Keeser geschenkt kritt. Den 23. Juli 1164 si se zu Köln ukomm, wou se bis haut am Kölner Doum veréiert ginn.
Commons: Dräi Kinneken – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.