Hubble-Typ
Uerdnungschema fir Galaxien / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Hubble-Sequenz, e morphologescht Uerdnungschema fir Galaxien, gouf am Joer 1936 vum Astronom Edwin Hubble entwéckelt.
An dësem Schema (och Stëmmforchettsdiagramm) stinn E0 bis E7 fir eng Elliptesch Galaxie mat zouhuelender Ofplattung, Sa bis Sc fir eng Spiralgalaxie , SBa bis SBc fir eng Balkespiralgalaxie an Ir fir eng irregulär Galaxie. S0 an SB0 sinn d'Iwwergangstyppe vun der lënsefërmeger (oder lentikulärer) Galaxie.
- Déi eenzel Galaxientyppe sinn am Artikel Galaxie méi no beschriwwen.
Den Hubble huet an dëser Duerstellung eng méiglech Entwécklungssequenz fir Galaxië gesinn. D'Fuerschunge vun de leschte Joren hunn awer gewisen, datt d'Galaxienentwécklung wäitaus méi komplex ass a sech net duerch eng einfach Sequenz duerstelle léisst. Trotzdeem gëtt ëmmer nach, eigentlech onkorrekt, elliptesch Galaxien als fréi Galaxien am Géigesaz zu de spéide Spiralgalaxien, bezeechent. Dem Hubble seng morphologesch Andeelunge vun de Galaxië ginn haut nach gebraucht.