Héicht Venn
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Héicht Venn (Hautes Fagnes op Franséisch, Hohes Venn op Däitsch) ass en Héichplateau an der belscher Provënz Léck an dem noen däitsche Grenzgebitt, tëscht den Ardennen an der Äifel. En erstreckt sech graff gesinn tëscht 50°40' an 50°25' nërdlech Breet, an 05°45' a 06°25' ëstlech Längt. En ëmfaasst déi héchst Koppen, déi allerdéngs staark ofgeflaacht sinn, vum nordëstlechen Ausleefer vum Ardennemassiv, a baséiert op haardem, 650 Millioune Joer ale Gestengs. Den héchste Punkt ass mat 694 m, de Signal de Botrange bei Eupen, dee gläichzäiteg déi héchst Plaz vun der Belsch ass. Eng grouss Partie vum Héije Venn ass Deel vum Naturpark Hohes Venn-Eifel.
Déi genee Grenze vum Héije Venn si schwéier ze bestëmmen. Am grousse Ganzen, ass et dat Gebitt, dat iwwer 450 Meter Héicht läit a vu follgenden Däller begrenzt gëtt: Weserdall am Nordwesten, Roer- a Warchedall am Südosten, de mëttelsten Deel vum Dall vun der Amblève an dee vun der Winamplanche am Osten.
Déi relativ flaach Topographie, den héijen Nidderschlag (tëscht 1.500 a 1.700 mm am Joer), d'haart Klima, den aarmen onduerchléissege Buedem, hunn zanter ongeféier 10.000 Joer déi natierlech Entwécklung vu fiichten a suppege Bëscher, Niddermueren, an torfmoosräichen Héichmuere favoriséiert.
Am Norde mécht Eupen d'Grenz, am Oste Monschau, am Weste Spa an am Süde Malmedy. Eng ganz Rëtsch Flëss hunn hir Quell am Héije Venn: d'Vesdre, Hoëgne, Warche, Gileppe, Eau Rouge, Amblève, d'Our, d'Kyll an d'Rur. Et gëtt och e puer Stauséien, wéi d'Talspär vu Robertville, d'Gileppetalspär, d'Wesertalspär an d'Talspär vu Bütgenbach.
Den Ausdrock Héicht Venn, gëtt haut haaptsächlech am Zesummenhank mam dem staatlechen Naturschutzgebitt an deene Gebidder déi direkt dru stoussen, gebraucht.
D'Wuert Venn u sech fënnt e soss awer och nach dacks a méi engem wäitleefege Gebrauch, bei deem en net nëmme Suppen a Mueren ëmfaasst, mä och Heedlandschaften a soss Broochen an Dréischen, d. h. am Fong all déi Terrainen déi net forst- a landwirtschaftlech ausgenotzt ginn.
Et gëtt och nach e puer méi kleng änlech Landschaften op de Koppe vun den Zentralardennen, wéi de de Plateau des Tailles, an an de südlechen Ardennen de Plateau de la Croix-Scaille souwéi de Plateau des Hauts-Buttés.