ITF-Weltranglëscht
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi sougenannt ITF- Davis-Cup-/Fed-Cup-Weltranglëscht ass déi offiziell Weltranglëscht am Tennis a gëtt vum Weltverband International Tennis Federation (ITF) gefouert. Si gouf am Enn vum Joer 2001 fir d'éischt Kéier verëffentlecht an erméiglecht et, a reegelméissegen Ofstänn d'Stäerkt vun den international aktiven Nationalekippen ze bestëmmen an ze vergläichen.