Wikimedia-Homonymiesäit From Wikipedia, the free encyclopedia
Als heemesch oder indigen bezeechent een, mat engem alen, lokalen a lëtzebuergeschen Ausdrock, am grousse Ganze Mënschen, Déierenaarten, Planzenaarten a Bräich, déi an deem Land oder där Géigend wou ee se untrëfft entstane sinn an eeben do hir Heemecht hunn.
Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia. |
D'Adjektiv heemesch ass Famill mat de Substantiven Heem, Heemecht a mat den Adverben heiheem an doheem.
D'Adjektiv einheimesch ass e verlëtzebuergescht einfacht Däitsch vum Adjektiv einheimisch an eng Iwwersetzung vum franséischen indigène[1].
Donieft fënnt een och mol dat Wuert eenheemesch als "Iwwersetzung" vum däitschen einheimisch. De François Schanen seet dozou awer: Den "ein-" ass geschichtlech en "in-" (Wahrig: 15. Jh. inheimisch. ahd. inheim). Wann een also verlëtzebuergescht, da gëtt et net "eenheemesch", mä "anheemesch", wat kee versteet. Den "een-" am Lëtzebuergeschen ass éischter d'Zuel oder den Artikel "een--": eestëmmeg (einstimmig) awer mat astëmmen (mit einstimmen).[2]
De Begrëff heemesch gëtt ë. a. gebraucht fir:
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.