From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Nationaalt Fuerschungsinstitut fir Archeologie, offiziell Institut national de recherches archéologiques (INRA), ass en Institut zu Lëtzebuerg, dat dem Kulturministère ënnersteet. Et gouf duerch e Règlement grand-ducal vum 24. Juli 2011 als Centre national de recherche archéologique an d'Liewe geruff[1] a mam Akraafttriede vum Gesetz vum 25. Februar 2022 ëmgenannt. Et huet säi Sëtz zu Bartreng. Seng Missioun ass et, d'Iwwerreschter aus vergaangenen Zäit zu Lëtzebuerg z'erfuerschen, ze konservéieren an ëffentlech ze maachen (ë. a. och mat Publikatiounen, Ausstellungen, Konferenzen, Visite-guidéeën, asw.).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den INRA ënnersicht am Virfeld vu Bauprojeten, oder aus Fuerschungsgrënn, den Terrain fir Informatiounen iwwer d'Geschicht, d'Ëmwelt, d'Ekonomie an d'Kultur vu Gesellschaften a fréierer Zäit ze sammeln, dozou gi verschidde Prospektiouns- an Ausgruewungsmethoden agesat.
Den INRA schafft zesumme mat anere Fuerschungsinstituter, Bibliothéiken an Archiver am In- an am Ausland. D'Mataarbechter vum INRA organiséieren reegelméisseg Virträg, Konferenzen an, an Zesummenaarbecht mam Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, Ausstellungen. En Haaptdeel vu senger Aarbecht läit am Evaluéiere vu Bauprojeten am Hibléck op den archeologesche Potential, am Ënnersiche vun archeologesche Siten an am Erausginn vun archeologesche Publikatiounen.
Chargéierten Direkter ass de Foni Le Brun-Ricalens.
Den INRA, virdrun CNRA, gëtt zanter dem Hierscht 2014 eng populärwëssenschaftlech Publikatiounsserie eraus ënner dem Titel Archaeologia luxemburgensis - Bulletin du Centre national de recherche archéologique.[2] Zënter 1989 kënnt onreegelméisseg an Zesummenaarbecht mam Landesdenkmalamt vum Saarland a mam Service Régional de l'Archéologie de Lorraine d'Publikatioun "Archeologia Mosellana - Archéologie en Sarre, Lorraine et Luxembourg" eraus.
Weider Publikatiounen:
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.