Instituto Nacional de Técnica Aeroespacial
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Instituto Nacional de Técnica Aeroespacial (kuerz INTA, op Lëtzebuergesch: Nationaalt Institut fir Loft- a Raumfaarttechnik) ass déi spuenesch Weltraumorganisatioun. Si ënnersteet dem spuenesche Verdeedegungsministerium, ass awer souwuel fir déi zivil wéi och militäresch Fuerschung an Entwécklung an der Loftfaart zoustänneg. INTA gouf 1942 gegrënnt an huet den Haaptsëtz zu Torrejón de Ardoz, no bei Madrid.
Nieft Fuerschung ass INTA och fir d'Zertifizéierung an d'Teste vu Material, Komponenten a Systemer vun der Loft- a Raumfaarttechnik zoustänneg. INTA beschäftegt 1.200 Mataarbechter, d'Budget beleeft sech op ronn 100 Milliounen Euro a staamt aus ëffentleche Gelder wéi och aus Akommen aus der Industrie.
INTA ass zu 100 % Besëtzer vum Raumfaarttechnikkonzern INSA an hält Undeeler vun Hispasat (16,4 %), Hisdesat (37,6 %) an XTAR (16,3 %).