Interregnum (lat. "Zwëscheregierung") bezeechent eng Iwwergangsregierung oder den Zäitraum an deem et zu souenger komm ass; besonnesch a Walmonarchien d'Zäit tëscht dem Ofdanken, dem Ofsetzen oder dem Doud vun engem Regent an der Amtsopnam vu sengen Nofollger.

  • Am Réimesche Räich d'Regierung vum Interrex.
  • A Japan mat der Regentin Jingū an der Zäit vun 209 bis 270.
  • An der Geschicht vun Däitschland zirka den Zäitraum nom Doud vum Konrad IV. bis zur Trounbesteigung vum Rudolf vun Habsburg (1254-1273), an där de Wilhelm vun Holland, Alfons vu Kastilien an de Richard Cornwall zwar als Kinneke gewielt waren, mä keng Herrschergewalt ausübe konnten. Dacks gëtt allerdéngs den Ufank vum Interregnum schonn 1250 fesgeluegt († Friedrich II.).
  • An der Geschicht vun Éisträich d'Zäit tëscht dem Ausstierwe vun der männlecher Linn vun de Babenberger 1246 bis zur Wal vum Ottokar Přemysl 1256 zum éisträicheschen Herzog. D'Habsburger, déi no der Victoire vum Rudolf vun Habsburg an der Schluecht um Marchfeld 1278 un d'Muecht komm sinn, hunn awer d'Herrschaft vum Ottokar net unerkannt, dowéinst gëtt a ville Quellen och dës Zäit als Interregnum bezeechent.
  • An Dänemark tëscht 1332 - 1340 nom Doud vum Christoffer II.
  • D'Osmanescht Interregnum tëscht 1402 a 1413.
  • An der Geschicht vu Portugal d'Zäit tëscht dem Ausstierwe vum Haus Burgund an der Trounbesteigung vum João vun Avis, 1383 bis 1385.
  • An der Geschicht vun Aragón d'Zäit tëscht dem Doud vum Martin I. an der Trounbesteigung vum Ferdinand I. (1410-1412)
  • An der kathoulescher Kierch d'Sedisvakanz.

Fir ze liesen

  • Ernst Kantorowicz: The King's Two Bodies. A Study in Mediaeval Political Theology, Princeton University Press, 1957
  • Ernst Kantorowicz: Les deux corps du roi. Essai sur la théologie politique au Moyen Âge, Gallimard, Bibliothèque des histoires, iwwersat aus dem Englesche vum Jean-Philippe Genet an der Nicole Genet, 1989, 634 Säiten

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.