Jan van Eyck
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jan van Eyck (oder Johannes de Eyck), gebuer ëm 1385 zu Maaseik, gestuerwen den 9. Juli 1441 zu Bruges, war e flämesche Moler, deen zu deene gréisste Moler vum Spéitmëttelalter gezielt gëtt.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Jan van Eyck | |
---|---|
Gebuer |
1390 jul. Maaseik |
Gestuerwen |
9. Juli 1441 jul. Bruges |
Nationalitéit | Südlech Nidderlanden |
Aktivitéit | Moler, Architekt, Zeechner, Bauzeechner |
Famill | |
Geschwëster | Hubert van Eyck |
Zoumaachen
Nom Doud vum Johann III. vu Bayern, wou hien Haffmoler war, ass de van Eyck an der selwechter Funktioun bei de Philippe de Gudden an den Déngscht getrueden, deem säin Haff zu Lille war. Nieft senger Haaptaarbecht als Moler war hien och Dekorateur, a Moler vu Schëlter, Fändelen a Statuen, an huet als geschéckten Diplomat déi eng oder aner Geheimmissioun fir de Philipp gemaach.