brittesch Verhalensfuerscherin an Anthropologin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Dame Jane Morris Goodall, DBE, gebuer als Valerie Jane Morris-Goodall den 3. Abrëll 1934 zu London, as eng brittesch Primaten- a Verhalensfuerscherin, souwéi Anthropologin. Si gëtt als eng vun de gréissten Experte vu Schimpansen ugesinn, an ass dofir bekannt, zanter bal 50 Joer déi sozial a Familljestrukture vu wëlle Schimpansen am Gombe Stream National Park an Tansania erfuerscht ze hunn.
Jane Goodall | |
---|---|
Gebuertsnumm | Valerie Jane Morris-Goodall |
Gebuer |
3. Abrëll 1934 Hampstead |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Newnham College |
Aktivitéit | Aktivist, Etholog |
Member vun | Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society |
Si huet d'Jane Goodall Institute an de Roots & Shoots Programm gegrënnt a setzt sech fir Déiereschutz- a -konservatiounsmoossnamen an.
D'Jane Goodall huet op der Universitéit vu Cambridge studéiert, wou si en Doktorat an Ethologie (iwwer déi wëll Schimpansen) gemaach huet. Duerch hir Fuerschunge gouf kloer, datt vill Komportementer, déi bis dohin als "typesch mënschlech" ugesi goufen, och bei Schimpansen tëscht Familljen- oder Clan-Membere gängeg sinn (wéi Ëmäerbelen, Këssen oder Këddelen), datt d'sozial Interaktioune bannent engem Clan vill méi grouss a komplex sinn, wéi gemengt, an datt d'Schimpanse Geschier benotzen (z. B. e Grashallem, fir an engem Termitekoup ze stëppelen, a sou déi Déieren, déi sech dru festhalen, erausze"fëschen" an ze friessen). Si huet och festgestallt, datt Schimpansen och manner friddlecht Behuele kënne weisen, z. B. gi s'op d'Juegd fir aner, méi kleng Afenaarten, ze fänken an ze friessen; an dominant Weibercher an engem Grupp kënnen den Nowuess vu méigleche Konkurrentinnen doutmaachen.
Fir hir Aarbecht an hiert Engagement gouf si mat enger ganzer Rëtsch Präisser an Distinctiounen ausgezeechent.
Commons: Jane Goodall – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.