Jean-Pierre Aumont
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Pierre Aumont, gebuer als Jean-Pierre Philippe Salomons de 5. Januar 1911 zu Paräis a gestuerwen den 29. Januar 2001 zu Saint-Tropez) war e franséische Schauspiller an Dréibuchauteur.
Jean-Pierre Aumont | |
---|---|
Gebuer |
5. Januar 1911 Paräis |
Gestuerwen |
30. Januar 2001 Saint-Tropez |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Conservatoire national supérieur d'art dramatique, Cours Simon |
Aktivitéit | Schauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schrëftsteller, Dramatiker |
Famill | |
Bestuet mat | Marisa Pavan, María Montez, Blanche Montel |
Kanner | Tina Aumont, Jean-Claude Aumont, Patrick Aumont |
Hien ass de Brudder vum Filmregisseur François Villiers.
Vun 1931 u war hien am Theater an am Kino aktiv als Schauspiller. Am zweete Weltkrich huet hien dat vun den Däitsche besat Frankräich wéinst senge jiddeschen Originne misse verloossen an ass an d'USA ausgewandert. Duerno huet hie sech awer an d'Arméi gemellt an huet mat den alliéierten Truppen an Tunesien an an Italie gekämpft.
Bedeitend Filmer mat him sinn Drôle de drame (1937) vum Marcel Carné mam Louis Jouvet a Michel Simon, Hôtel du Nord (1938) vum Marcel Carné mat der Annabella am Louis Jouvet,Castle Keep (1969) vum Sydney Pollack mam Burt Lancaster a La nuit américaine (1973) vum François Truffaut.
Vun 1943 bis zu hirem Doud am Joer 1951 war hie mat der Schauspillerin Maria Montez bestuet. Zesummen haten si ee Kand d'Schauspillerin Tina Aumont. Duerno war hie vun 1956 bis zu sengem Doud am Joer 2001 mat der Schauspillerin Marisa Pavan bestuet.