Jean Jacoby
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean Lucien Nicolas Jacoby, gebuer de 26. Mäerz 1891 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 9. September 1936 zu Mulhouse, war e lëtzebuergesche Moler vu Sportthemen. Hien huet zweemol, 1924 zu Paräis mat sengen Aquarelle "Corner", Depart a "Rugby" an 1928 zu Amsterdam mat dräi Rugbyzeenen, d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen, wat soss keen olympeschen Artist fäerdegbruecht huet.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Jean Jacoby | |
---|---|
Gebuer |
26. Mäerz 1891 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
9. September 1936 Mulhouse |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Däitschland, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Bestuet mat | Maria Jacoby |
Zoumaachen
1932 zu Los Angeles krut hie Spezialmentioune fir seng Wierker an 1936 zu Berlin gouf hien och erëm als Gewënner annoncéiert, awer den Organisatiounscomité huet du beschloss keng Medail fir den Éischt klasséierten ze verdeelen.