![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/5d/Jes%25C3%25BAs_Moncada.jpg/640px-Jes%25C3%25BAs_Moncada.jpg&w=640&q=50)
Jesús Moncada
spuenesche Schrëftsteller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jesús Moncada Estruge, gebuer den 1. Dezember 1941 zu Mequinensa, Baix Cinca a Spuenien, a gestuerwen den 13. Juni 2005 zu Barcelona, war e spuenesche Schrëftsteller, deen op Katalounesch geschriwwen huet.
Jesús Moncada | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
1. Dezember 1941 Mequinenza |
Gestuerwen |
13. Juni 2005 Barcelona |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Iwwersetzer, Moler |
![]() |
Säi Studium huet de Jesús Moncada tëscht 1953 an 1958 an enger liberaler Schoul, dem Colegio de Santo Tomás de Aquino zu Saragossa gemaach, eng Raritéit an der Zäit vun der Franco-Diktatur.
Säin éischte Roman, Carni de sirga spillt am Moncada senger Heemechtsstad Mequinenza, am Roman Torrellloba genannt, déi an de 70er Joren huet missen evakuéiert ginn. Nodeem den Ebro gestaut gouf, ass d'Stad am Waasser verschwonnen, wéi Biwels bei Bau vum Pompelspäicherwierk Veianen.
Den zweete Roman La galeria de les estàtues vun 1992 spillt sech an der imaginärer Stad Torrelloba of, enger Provënzhaaptstad, déi Saragossa noempfonnt ass.
1998 kënnt e Buch mat Erzielungen eraus, Calaveres atònites. Et geet doran ëm e jonken Affekot, deen an de 50er Joren zu Mequinensa e Poste fir Friddensriichter unhëlt.
Dem Moncada seng literaresch Wierker sinn iwwersat ginn op Däitsch, Englesch, Aragoneesesch, Dänesch, Slowakesch, Sloweenesch, Spuenesch, Franséisch, Galizesch, Hebräesch, Ungaresch, Italieenesch, Japanesch, Hollännesch, Polnesch, Portugisesch, Rumänesch, Russesch, Schweedesch a Vietnameesesch.