From Wikipedia, the free encyclopedia
De Joan Blaeu (de: Johannes Bleau, latiniséiert: Ioanne Blaev), gebuer 1596 zu Alkmaar an den Nidderlanden a gestuerwen den 28. Dezember 1673 zu Amsterdam, war en nidderlännesche Kartograph a Kofferstiecher. Säi bekanntst Wierk ass den Atlas Maior an 11 Bänn, dee 1662 eng éischt Kéier erauskoum an zu deenen opwännegsten an deiersten europäeschen Atlanten vum 17. Joerhonnert zielt.
Joan Blaeu | |
---|---|
Gebuer | 23. September 1596 |
Gestuerwen |
28. Dezember 1673 Amsterdam |
Nationalitéit | Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen |
Aktivitéit | Kartograph, Editeur, Instrumentebauer |
Famill | |
Papp | Willem Blaeu |
De Joan Blaeu war de Jong vum Willem Janszoon Blaeu, engem Schüler vum Tycho Brahe. Säi Papp huet zu Amsterdam eng Entreprise, déi Globen a Landkaarte produzéiert huet. 1620 krut hien en Doktertitel am Droit. An de Joren duerno schéngt e bei sengem Papp am Betrib geschafft ze hunn. 1636 koum déi éischt Oplo vum Novus Atlas (Theatrum orbis terrarum, sive, Atlas novus) eraus, deen hien an de Joren duerno iwwerschafft huet.
1638, nom Doud vu sengem Papp, huet de Joan zesumme mat sengem Brudder Cornelis d'Entreprise iwwerholl, an hie gouf, wéi säi Papp, offizielle Kartograph vun der Nidderlännescher Ostindien-Kompanie. 1640 koum eng nei Editioun, dës Kéier an 3 Bänn, vum Novus Atlas eraus. Nom Doud vum Cronelis 1642 huet de Joan d'Entreprise eleng dirigéiert. 1651 gouf en an de Conseil vun der Stad Amsterdam gewielt. 1645 a 1654 koume weider Ergänzungsbänn vum Novus Atlas eraus. 1655 koum dee leschte Band dovun, deen iwwer Ostasie war, eraus.
Ëm 1652 koum eng Sammlung vu Stadpläng vun nidderlännesche Stied eraus. Den éischte Band hat den Titel Toonneel der Steden van de Vereenighde Nederlanden, a war iwwer Stied an der Republik vun de Vereente Provënzen (± dat haitegt Holland), deen 2. housch Toonneel der Steeden van 's Konings Nederlanden an huet déi Spuenesch Nidderlanden (ongeféier déi haiteg Belsch a Lëtzebuerg) ofgedeckt. Déi laténgesch Editioun hat den Titel Novum ac Magnum Theatrum Urbium Belgicæ Liberæ ac Fœderatæ.
Wéi den Novus Atlas bis fäerdeg war, huet de Blaeu en nach méi ambiziéise Projet ugefaangen: den Atlas Maior, en Atlas aus am Ufank eelef Bänn, dee 1662 fir d'éischt erauskoum an deen aus am Ganzen 3000 Säite bestanen huet. D'Bänn waren a groussem Format an op héichwäertegem Pabeier gedréckt. D'Kaarte waren opwänneg dekoréiert. Et konnt een s'extra vun Hand faarweg nomole loossen, wat se nach méi wäertvoll gemaach huet. Den Atlas Maior war mat eng vun den deierste Publikatioune vu senger Zäit. En hat en aussergewéinleche Succès a gouf méi spéit op Franséisch, Hollännesch an Däitsch iwwersat.
1672 ass dem Blaeu seng Dréckerei beim grousse Feier vun Amsterdam komplett verbrannt, soudatt déi geplangt spuenesch Editioun vum Atlas ni erauskoum. Hien ass dat Joer drop gestuerwen.
D'Taschen-Editioune si keng richteg Facsimile-Editiounen, well s'iwweraarbecht goufen.
Commons: Blaeu – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.