![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/4b/Jonathan_Swift_by_Charles_Jervas_detail.jpg/640px-Jonathan_Swift_by_Charles_Jervas_detail.jpg&w=640&q=50)
Jonathan Swift
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Jonathan Swift, gebuer den 30. November 1667 zu Dublin an och do den 19. Oktober 1745 gestuerwen, war en anglo-iresche Schrëftsteller a Satiriker aus der Zäit vun der fréier Opklärung.
Jonathan Swift | |
---|---|
![]() | |
Pseudonym | Isaac Bickerstaff, Lemuel Gulliver, M. B. Drapier, Simon Wagstaff |
Gebuer |
30. November 1667 Dublin |
Gestuerwen |
19. Oktober 1745 Dublin |
Educatioun | Trinity College Dublin |
Aktivitéit | Dichter, Romancier, Satiriker, Philosoph, Mënscherechtler, Schrëftsteller, Science-Fiction-Schrëftsteller, Essayist, Publizist, Kannerbuchauteur, Prosaist, Persoun vum ëffentleche Liewen, Priister |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Esther Vanhomrigh |
![]() |
Verschidde Publikatiounen huet hien ënner enger ganzer Rëtsch vu Pseudonyme geschriwwen: Isaac Bickerstaff, A Dissenter, A Person of Quality, A Person of Honour, M.B. Drapier, T.R.D.J.S.D.O.P.I.I. (The Reverend Doctor Jonathan Swift, Dean of Patrick's in Ireland).
1701 huet hien anonym Dissensions in Athens and Rome erausbruecht. Kuerz virdrun hat hie schonn A Tale of a Tub a The Battle of the Books geschriwwen. Nodeems en et - ouni grousse Succès - an der brittescher Politik probéiert hat, goung en hannescht an Irland wou e vu 1710 un politesch Satire geschriwwen huet, an deenen en d'Ausbeitung vun der irescher Landbevëlkerung duerch déi englesch Grondhären attackéiert huet. Déi bekanntst ass A modest proposal, an där e virschléit, Iwwerbevëlkerung, Aarmut a Kriminalität doduerch ze bekämpfen, datt iresch Puppelcher als Matière-première vun Iesswueren exportéiert sollte ginn fir sou Profit draus ze schloen.
Säi bekanntst Wierk ass awer de Roman The travels into several remote nations of the world by Lemuel Gulliver (kuerz: Gulliver's travels, 1726), eng Zort Robinsonad, an där den Haaptpersonnage, nodeems e Schëffsbroch erlidden hat, verschidden exotesch Länner besicht. Et gouf laang als Kannerbuch behandelt (an deementspriechend gekierzt), ass awer, ënner dem Mantel vun 'exoteschen' Nimm a Bräich, eng batter Satir op d'politesch a sozial Konditiounen an England.