De Chouer Jubilate Musica ass am Joer 1984 vum Roland Kaber, Museksprofesser am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg gegrënnt ginn. De Chouer, deen aus 15 Leit besteet, huet sech am Ufank haaptsächlech mat Chouermusek aus der Renaissance an aus dem Barock ofginn.

Thumb

Am Joer 1985 ass den Albert Dondelinger, éischte President vum Jubilate ginn. Den éischte Concert vum Jubilate war den 30. Juni 1985 an der Paterkierch an der Stad.

De Repertoire vum Jubilate huet sech mat der Zäit erweidert a geet haut vun Dowland, di Lasso, Bach, Mozart, Schubert bis zu Negro Spirituals an de Lidder vun de Comedian Harmonists.

Concerten

E puer aus villen erausgegraff:

  • 1987 Académie Internationale d'été de Wallonie
  • 1988 Festival International vu Wolz
  • 1989 Concerts de Berdorf
  • 1995 Sechs verschidde Concerten zesumme mat dem Ensemble Baroque de Luxembourg mat Wierker vum Henri Purcell
  • 1996 Festival vu Maarnech
  • 2000 Concert zu Giisch am Kader vu Culture sans frontières
  • 2005 Concert zesumme mat dem Cercle Symphonique de Rumelange
  • 2010 Concert zu Hueschtert an zu Tréier zesumme mam Orchester Estro Armonico, der Chorale réunie Donven-Flaxeiler an der Chorgemeinschaft Trier-Heilgkreuz:

Dirigente vum Jubilate

  • Roland Kaber, Professer am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg
  • Marie-Béatrice Nickers (interim)
  • Philippe Barth, Dirigent a Sänger (Kontertenor)
  • Burkhard Pütz, Dekanatskantor Tréier, vun 2006 bis 2014
  • Nicolas Billaux, Dirigent a Museker, zanter 2015

De Jubilate op Disque

  • CD mat der Missa Brevis in honorem Sancti Joannis Bosco an anere Wierker vum Lëtzebuerger Komponist Pierre Drauth (1997)

Um Spaweck

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.