Jérôme vu Bauschelt
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jérôme oder Hieronymus vu Bauschelt (fr.: Jérôme de Busleyden, nl.: Jeroen van Busleyden, lat.: Hieronymus Buslidius), gebuer ëm 1470 zu Bauschelt (oder Arel?) a gestuerwen de 27. August 1517 zu Bordeaux, war e Jurist, Mäzen an Humanist.
Jérôme vu Bauschelt | |
---|---|
Gebuer |
1470 Arel |
Gestuerwen |
27. August 1517 Bordeaux |
Aktivitéit | Politiker, Mäzen |
Famill | |
Geschwëster | François vu Bauschelt |
Säi Papp war de Gilles den Eelere vu Bauschelt a seng Mamm d'Anne de Musset. De Papp gouf Prévôt vun Arel a Besëtzer vun der Seigneurerie vu Guirsch, a gouf duerch e Patent vum deemolegen Herzog vun der Bourgogne, dem Charel de Kéngen (Charles le Téméraire) 1471 geadelt.
De Jérôme huet zu Bologna, Paräis a Léiwen Droit studéiert a gouf duerno vum Philippe dem Gudden zum Member vum Grousse Conseil vu Mechelen beruff. De Busleyden war e Frënd vum Erasmus vu Rotterdam a vum Thomas Morus a war Stëfter vum Collegium Trilingue. Ausserdeem huet hie mat der Héichschoul vu Léiwen zesummegeschafft.
Hie war och am diplomateschen Déngscht vum Karel V.. Bei enger Missioun am Ausland ass en zu Bordeaux gestuerwen.
Seng Residenz zu Mechelen, am fréie Renaissance-Stil gebaut, ass haut e Musée, den Hof van Busleyden.
Hie war de Brudder vum François vu Bauschelt.
Zu Léiwen gëtt et hautdesdaags e Busleydengang, zu Bréissel eng Busleyden-Avenue an zu Bauschelt eng Jérôme-de-Busleyden-Strooss.