From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner Karikatur (v. it.: caricare - "iwwerlueden, iwwerdreiwen") versteet een déi mat Witz iwwerzeechent Duerstellung vu Persounen oder gesellschaftlechen Zoustänn.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Et handelt sech meeschtens ëm eng bildlech Form vun der Satir. D'Karikatur iwwerdreift bewosst, iwwerspëtzt a verzerrt charakteristesch Zich vun engem Evenement oder engem Mënsch, fir duerch de gewisene Kontrast zur Realitéit an déi duergestallte Widderspréch de Betruechter zum Nodenken ze beweegen.
Dacks geschitt dëst an engem politesche Kontext, wou zu enger aktueller Situatioun sarkastesch-ironesch Stellung bezu gëtt. Wesentlech Feeler a Mängel vun der duergestalltener Persoun (z. B. vun engem Politiker) oder dem Objet oder Evenement, ginn opgedeckt an duerch d'Aart a Weis vun der meeschtens zeechnerescher Presentatioun der Lächerlechkeet präisginn.
D'Karikatur kann awer och humoristesch ausgeriicht sinn an eenzeg an eleng der Ënnerhalung déngen (z. B. Karikature vu Schauspiller a Boulevardzäitschrëften an Illustréierten).
Commons: Karikaturen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.