Karlsruhe
Stad a Baden-Württemberg, Däitschland / From Wikipedia, the free encyclopedia
Karlsruhe ass eng kreesfräi Stad a Baden-Württemberg. Historesch ass Karlsruhe Haapt- a Residenzstad vum fréiere Land Baden. D'Stad gëtt am Norden, Osten a Süde vum Landkrees Karlsruhe an am Weste vum Rhäin begrenzt, deen hei d'Grenz mat Rheinland-Pfalz mécht. Karlsruhe ass no Stuttgart (zirka 80 km ëstlech) a Mannheim (zirka 60 km nërdlech) déi drëttgréisst Stad vum Land Baden-Württemberg an huet eng Fläch von ongeféier 173 km². Zanter 1950 ass Karlsruhe Sëtz vum Bundesgerichtshof an zanter 1951 vum Bundesverfassungsgericht, dowéinst huet d'Stad de Bäinumm Residenz des Rechts.
Séier Fakten Land, Bundesland ...
Karlsruhe | |
---|---|
Vue op Karlsruhe | |
Land | Däitschland |
Bundesland | Baden-Württemberg |
Regierungsbezierk | Karlsruhe |
Krees | Stadkrees |
Awunner |
308.707 (31. Dezember 2022) |
Fläch | 173.46 |
Héicht | 115 |
Koordinaten | 49°1'N, 8°24'O |
Telefonszon | 0721 |
Postcode | 76229 |
Websäit | https://www.karlsruhe.de/ |
Jumelage mat | Nanzeg, Nottingham, Krasnodar, Halle (Saale) |
Zoumaachen