From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kathedral Saint-Étienne vu Bourges ass e gotesche Sakralbau, deen dem hellege Stephanus (Étienne, Stiefes) geweit ass. Et ass d'Kathedral vum Äerzbistum Bourges.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Bourges | |||
Numm / Patréiner | Hl. Stephanus | |||
Konsekratioun | 1324 | |||
Koordinaten | 47° 4’ 56’’ N 2° 23’ 57’’ E | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kathedral ass baussen 125 Meter laang, 45 Meter breet (mat de Stäip-Pilieren 73,5) a 55 Meter héich (een Tuerm huet der 65). Si steet am südëstlechen Deel vun der Alstad. Südlech dovun ass d'Stadhaus, de Jardin de l'Archevêché, haut e Park, ass just donieft.
Si gouf an der Zäit vum Iwwergank an d'Héichgotik gebaut, a relativ kuerzer Zäit, wat hir eng gewëss Homogeenitéit gëtt, a se huet eng ganz Rëtsch vun neien Elementer an hirem Baustil, woufir s'eenzegaarteg ass. Opfälleg ass , datt se kee queescht Schëff huet, an datt eng Krypta dran ass. An där ass de Gisant vum Jean de Berry.
D'Westfassad huet fënnef Portaler: vu riets no lénks sinn do drop: den Ursinus vu Bourges, den hellegen Etienne, Jéngsterdag, d'Muttergottes an den hellege Guillaume. An der Kathedral ass déi eelst astronomesch Auer vu Frankräich (si ass vu 1424).
Si gouf 1862 als Monument historique an 1992 als Unesco-Kultur-Weltierwen klasséiert.
D'Aarbechten hunn ëm 1200 ugfaangen. De Chouer war 1214 fäerdeg gebaut, ëm 1215 war d'Haaptschëff gréisstendeels fäerdeg. Nodeems d'Aarbechten eng Zäitche brooch louchen, gouf d'Gebai dunn 1324 vum Äerzbëschof Guillaume de Brosse ageweit. Am 14. Joerhonnert huet den Herzog Jean de Berry d'Haaptfassad an d'Fënstere fäerdegmaache gelooss. 1506 ass den Nordtuerm an e Koup gefall. Den neien Tuerm, am Flamboyantstil gouf mat 65 Meter, méi héich wéi dee südlechen, dee vun Ufank un net méi héich wéi den Daach war.
1565 hunn Hugenotten d'Stad ugegraff a besat, an d'Kathedral schwéier beschiedegt. Och an der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gouf villes futtigeschloen, geklaut oder versteet.
D'Kathedral vu Bourges huet eng besonnesch Roll bei der Kréinung vun de franséische Kinneke gespillt: De Louis VII. huet Chrëschtdag 1137 an 1145 an der Kathedral zwou Kréinungszeremonien ofgehalen. Och de Louis IX. gouf do gedeeft an den 1. November 1424 gekréint, wat hie fir d'Englänner zum "Kinnek vu Bourges" gemaach huet.
Commons: Kathedral vu Bourges – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.