![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/23/Kepler-452b_System.jpg/640px-Kepler-452b_System.jpg&w=640&q=50)
Kepler-452
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Kepler-452 ass e Gielen Zwerg am Stärebild Cygnus. Hie läit op enger Distanz vun ongeféier 1400 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. De Stär huet eng Temperatur, déi där vun eiser Sonn gläicht. De Stär ass awer ëm 20 % méi hell an huet een ëm 10 % méi grousse Radius. Seng Spektralklass (G2) ass déi selwecht wéi déi vun eiser Sonn.
Kepler-452 | |
![]() | |
Numm | Kepler-452 |
Stärebild: | Cygnus (Cyg) |
Daten | |
Equinoxe | J2000.0 |
Rektaszensioun | 19h44m00,883s |
Deklinatioun | + 44° 16' 39,22" |
visuell Magnitude | 13,426 mag |
Spektralklass: | G2 |
Astrometrie | |
Radialvitess: | ? km/s |
Parallax: | (18,71 ± 1,26) |
Distanz | 1400 Lj. |
Alter | 6 ± 2 Milliarde |
Physikalesch Eegenschaften | |
Mass: | 1,037+0,054−0,047 |
Radius: | 1,11+0,09−0,15 |
Metallizitéit: | 0,21 ± 0,09 |
Uewerflächentemperatur | 5757 ± 85 K |
Aner Bezeechnungen | |
Kepler | Kepler-452 |
KIC | KIC 8311864 |
KOI | KOI-7016 |
2MASS | J19440088+4416392 |
WISE | J194400.89+441639.2 |
Déi bis elo séierst Raumsonden Helios 1 an 2 géife knapps sechs Millioune Joer brauchen, fir d'Distanz tëscht eisem Sonnesystem an dem Kepler-452 zeréckzeleeën.