Kinnekräich Neapel
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kinnekräich Neapel war e fréiert Kinnekräich an Europa, méi genee am haitegen Italien, dat sech 1282 bei der Sizilianescher Vesper[1] vum Kinnekräich Sizilien ofgespléckt huet, an zu engem eegestännege Staat ginn ass.
Am Joer 1139 hunn normannesch Zaldoten d'Stad Neapel ageholl, an hu si zu engem Deel vum Kinnekräich Sizilien gemaach, wat de Roger II. gegrënnt hat. Duerch d'Bestietnes vun der Ierfduechter vum Roger II., der Constance de Hauteville, mam Staufer Heinrich VI. (1186) gounge Sizilien an Neapel un d'Staufer an haten hir Glanzzäit 1220-1250 ënner dem Keeser Friedrich II.. Hien huet en zentralistesche Beamtestaat an d'Liewe geruff, deen awer no sengem Doud nees séier zerfall ass. Déi lescht Staufer, Manfred a Konradin, konnten näischt méi géint d'Ugrëffer vum Charles vun Anjou maachen. D'Sizilianesch Vesper (1282) huet Sizilien un Aragón bruecht, wärend zu Neapel d'Anjou un d'Muecht komm sinn. Dës Deelung vum Kinnekräich Sizilie war d'Gebuertsstonn vum eegestännege Kinnekräich Neapel.