Krim
Hallefinsel am nërdleche Schwaarze Mier / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Krim (ru.: Крым; uk.: Крим) ass eng Hallefinsel am nërdleche Schwaarze Mier, mat enger Fläch vu 26.844 Quadratkilometer an 2.353.100 Awunner. Eng 60 % dovu si Russen, 25 % Ukrainer an 12 % Krimtataren. Am Mäerz 2014 huet d'Hallefinsel sech vun der Ukrain lassgesot a sech als "Republik Krim" Russland ugeschloss. Haaptstad ass Simferopol.
Bekannt ass d'Krim fir hir Wéngerten, archeologesch an touristesch Plazen, wéi z. B. de Bad Jalta, wou 1945 de Stalin, de Roosevelt an den Churchill d'Welt ënner sech opgedeelt hunn. Z'ernimmen ass och nach d'Stad Sewastopol, wou déi russesch Schwaarzmierflott stationéiert ass.
Den Numm vun der Hallefinsel geet entweeder op dat Krimtatarescht Qırım zeréck, wat "mäin Hiwwel/Fiels" heescht, oder op dat Griichescht Κύμη, wat "Grenz" bedeit.