Kuelestoffmonoxid
cheemesch Verbindung / From Wikipedia, the free encyclopedia
Kuelestoffmonoxid (och Kuelemonoxid, fréier och Kuelenoxyd) ass eng cheemesch Verbindung aus Kuelestoff a Sauerstoff mat der Formel CO. Kuelestoffmonoxid ass e faarf-, geroch- a geschmaachlost gëftegt Gas. Et entsteet ënner anerem bei der onvollstänneger Verbrennung vu kuelestoffhaltege Stoffe.
Kuelestoffmonoxid ass brennbar a verbrennt mat enger bloer Flaam zu Kuelestoffdioxid. Als Bestanddeel vum Stadgas gouf et a villen europäesche Länner bis an déi zweet Hallschent vum 20. Joerhonnert als Brenn- a Liichtgas agesat. Zesumme mat Waasserstoff gëtt Kuelestoffmonoxid an der cheemescher Industrie fir d'Hierstellung vu Methanol an anere Grondchemikalie gebraucht.