L'Aquila
From Wikipedia, the free encyclopedia
L'Aquila ass d'Haaptstad vun der Regioun Abruzzen a vun der Provënz L'Aquila an Italien. Si läit 118 km nordëstlich vu Roum an 106 km westlech vu Pescara, op ronn 700 Meter am wäiden Dall vum Aterno. Si gëtt vun alle Säite vun de Bierger vun den Abruzzen beherrscht, dorënner am Osten dem Gran Sasso d'Italia, dem héchste Bierg vum italieenesche Festland baussent der Alpen.
Séier Fakten 'Aquila, Land ...
L'Aquila | |
---|---|
Land | Italien |
Regioun | Abruzzen |
Provënz | L'Aquila |
Koordinaten | 42°21'14,43"N, 13°23'31,17"O |
Fläch | 473,91 km² |
Awunner | 69.558 (1. Januar 2023) |
Héicht | 714 m |
ISTAT | 066049 |
Zoumaachen
Et ass eng Gemeng mat engem ganz groussen Territoire. En Deel dovu gehéiert zum Nationalpark Gran Sasso a Monti della Laga.
De 6. Abrëll 2009 si bei engem Äerdbiewen an a ronderëm d'Stad bal 300 Mënsche gestuerwen, ronn 40.000 hunn hiert Doheem verluer.