Lëscht vu lännerspezifeschen Top-Level-Domänen
Wikimedia-Lëschtenartikel / From Wikipedia, the free encyclopedia
An der Lëscht vu lännerspezifeschen Top-Level-Domänen (engl. country code top level domains, Ofkierzung ccTLD) sinn iwwer 200 ccTLDen opgelëscht, woubäi fir jiddwer Land genee een Zwee-Buschtawe-Code no ISO 3166 steet. Donieft gëtt et heefeg och eegen ccTLDe fir ofhängeg Gebidder, déi meeschtens och geographesch vum Haaptgebitt vun deem Land getrennt sinn.
D'Lëscht vun den Top-Level-Domäne gëtt vun der Internet Assigned Numbers Authority (IANA) verwalt.