Lëtzebuerger Pavillon maritime
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Pavillon maritime ass den nationale Fändel vum Land an deem e Schëff enregistréiert ass, an deen dat Schëff obligatoresch um Mast aushänke muss. Un d'Gesetzer vun deem Land mussen d'Schëffsbesëtzer sech an deem Fall och halen. Meeschtens war dat an der Vergangenheet dat Land an deem e Reeder oder eng Reederei usesseg waren. Aus enger Rei vu Grënn ass dat haut net méi de Fall. Vill Schëffer navigéieren haut nämlech ënner engem frieme Pavillon.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |