![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/74/Lucio-costa-retrato.jpg/640px-Lucio-costa-retrato.jpg&w=640&q=50)
Lúcio Costa
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lúcio Costa, gebuer de 27. Februar 1902 zu Toulon a gestuerwen den 13. Juni 1998 zu Rio de Janeiro, war e brasilianeschen Architekt an Urbanist. Hie gouf weltbekannt well hien de Stadplang vu Brasília entworf hat.
Lúcio Costa | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
27. Februar 1902 Toulon |
Gestuerwen |
13. Juni 1998 Rio de Janeiro |
Nationalitéit | Brasilien, Frankräich |
Aktivitéit | Architekt, Urbanist |
![]() |
Wéinst sengem Papp, deen Admirol war, ass de Lúcio Costa a verschiddene Länner opgewuess an ass a verschidde Schoule gaangen.[1] 1917 koum en a Brasilen an huet do Architektur op der Escola Nacional de Belas Artes studéiert. Eng Zäit laang war de Costa vum Corbusier sengem neo-klassesche Stil beaflosst.
1938 huet hien zesumme mat sengem fréiere Schüler Oscar Niemeyer de brasilianesche Pavillon vun der Weltausstellung zu New York entworf.
1957 huet d'Regierung vum President Juscelino Kubitschek e Concours fir déi nei Haaptstad Brasília ausgeschriwwen. Dem Costa säin urbanistescht Konzept, dat op zwou Achse baséiert, an dat d'Quartiere vun der Stad streng no hirer Funktioun getrennt huet, gouf zeréckbehalen.
Hie gouf duerno dacks ëm Rot gefrot, wann et drëm goung, Stied ze plangen.
De Lucio Costa ass am Alter vu 96 Joer zu Rio de Janeiro gestuerwen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/46/Bras%C3%ADlia%2C_Brasil.jpg/640px-Bras%C3%ADlia%2C_Brasil.jpg)